Wéi der Däiwel kann een sech dat an dësem Alter nach undoen?

Jackass…Iwwersat och Idiot oder Iesel.

Genee esou kann een och d’Serie Jackass relativ gutt beschreiwen, déi virun allem am Ufank vun den 2000er Jore weltwäit beléift war. Mat dobäi waren ënnert anerem de Ryan Dunn, de Bam Margera, de Steve-O an den Johnny Knoxville. Si alleguer hunn iwwer d’Joren geféierlech an halsbriecherech Stuns performt. Jorelaang huet een sech gefrot, wéi domm ë Mënsch eigentlech ka sinn, ma trotzdeem hunn Millioune vu Fans weltwäit dës Serie an och déi verschidde Filmer gefeiert.

Den 22. Oktober kënnt dann Jackass Forever, de véierten an definitiv och de leschten Deel an de Kino. Well d'Schauspiller, wéi zum Beispill den Johnny Knoxville, hunn an der Vergaangenheet schonn dacks gesot, dass si lues a lues definitiv ze al fir dëse Schäiss ginn.