Och wann den eigentlechen Event op 2022 verréckelt goufen, kënnen sech Fans op eng Alternativ freeën.

D’San Diego Comic Con ass zanter Joren déi gréisste Convention vun der Welt. Leider fält se Covid-Bedéngt och dëst Joer an d’Waasser an gouf, wéi vill aner Events, op de Summer 2022 verréckelt.

Fans mussen allerdéngs net verzichten, well wéi och scho lescht Joer gëtt nämlech eng digital Versioun vun der Convention organiséiert an zwar dëse Weekend, vum 23. bis de 26. Juli ënnert dem Numm SDCC at home.

Kino a Serië-Fans dierfen sech also warscheinlech nees op vill nei Updates, Ukënnegungen an Trailere freeën.