Wien an de Kino wëll goen, muss sech vum 28. Juli un, un nei Mesuren halen.

Zanter e puer Méint sinn d'Kinoen hei zu Lëtzebuerg erëm op. Wat Releases vu gréissere Blockbuster ugeet, ass ee mëttlerweil och nees zu enger gewësser Normalitéit zréck komm.

Wien an de Kino wollt goen, huet sech an de leschte Wochen a Méint allerdéngs u verschidde Mesurë missen halen. Déi sollen allerdéngs vum 28. Juli un gréisstendeels ewechfalen. An Zesummenaarbecht mat der Santé huet Kinepolis decidéiert, vun nächster Woch un den Accès just nach mat CovidCheck ze erlaben.

Dowéinst wäert de Client geschwënn nees verschidde Fräiheete kréien. Sou fällt de Mindestofstand ewech, d'Mask muss een am Sall wärend dem Film net méi unhalen an och de Snack-Beräich wäert nees opgoen.

Wie kee CovidCheck ka virweisen, ka fir den Accès och en zertifiéierte Schnelltest matbréngen.

Sollt een och dësen net hunn, kann een am Kino selwer en Schnelltest maachen. Hei sinn d'Clienten allerdéngs gebieden, sech 1 Stonn virun der Séance am Kino anzefannen.

Fir Kino-Fans also gutt Noriichten, well e Film genéisst sech dach am Beschte an engem volle Sall an natierlech, endlech nees mat de passende Snacks.

Liest hei de ganze Communiqué :

RTL