Bal 50 Joer nom Original soll elo e Sequel zu The Exorcist erauskommen.

The Exorcist ass ee vun de bekanntsten Horror-Filmer iwwerhaapt. Vun 1973 bis 2017 war et esouguer den erfollegräichsten Horror-Film vun allen Zäiten. Deementspriechend huet en haut absolutte Kultstatus erreecht.

Gutt News ginn et dann fir alleguer d’Fans, well et soll e Sequel vun The Exorcist erauskommen. Dës Fortsetzung soll dann direkt eng Trilogie ginn. Responsabel dofir ass den David Gordon Green, deen an de leschte Jore jo och schonn erfollegräich de Klassiker Halloween weidergefouert huet.

400 Milliounen Dollar soll dëse neie Projet kaschten an ëm wat et am éischten Deel geet, ass och scho gewosst. D’Ellen Burstyn, deem seng Duechter am Original vum Däiwel besiess war, notzt elo seng Erfahrung fir anere betraffene Leit ze hëllefen.

En Datum gëtt et bis elo nach net.