Netflix plangt an Zukunft eng nei Live-Action-Serie aus der Pokemon Franchise.

Pokemon zielt ganz kloer zanter Joerzéngten zu den erfollegräichste Franchisen iwwerhaapt. Nieft ville Video-a Kaartespiller sinn an der Vergaangenheet och e puer Dose Filmer a Serien erauskomm. Dës goufen ouni Ausnam am Anime-Stil produzéiert.

Mat dëser Traditioun gouf allerdéngs 2019 gebrach wéi de Film Detective Pikachu an de Kino ass. Et war nämlech bis dato den éischte Live-Action Film. De Film ass weltwäit immens positiv ukomm an dat huet wéi et schéngt och Netflix gemierkt.

De Streamingdéngscht schafft aktuell nämlech un enger ganz neier Pokemon Live-Action-Serie. Detailer ginn et nach keng, ausser dass déi Responsabel vum Projet genee déi selwecht si wéi och bei der Serie Lucifer.