No den Evenementer aus Avengers-Endgame soll d'Geschicht vum Captain America mat engem neie Schauspiller weidergefouert ginn.

D’Avengers vu Marvel si wuel déi bekanntste Superhelde vun der Welt. Mat dobäi sinn ënnert anerem den Ironman, den Hulk, den Thor an och de Captain America. Dësen gouf vun 2011 bis 2019 vum Schauspiller Chris Evans verkierpert.

Seng Roll ass zum Schluss vum Film Avengers – Endgame allerdéngs op en Enn gaangen. De Schëld gouf souzesoen un eng aner Persoun weiderginn. Hei handelt et sech ëm den Afro-amerikaneschen Schauspiller Anthony Mackie, dee Marvel-Fans keen Onbekannten dierft sinn. Hien huet nämlech an der rezenter Disney+ Serie The Falcon and the Windersoldier de Superheld Falcon verkierpert.

Fest steet, d’Story vum Captain America geet also mat neiem Schauspiller wieder. Wéini a virun allem wéi ass awer nach net gewosst.