27 Joer nom leschten Deel soll d'Geschicht vum Axel Foley op en Enn kommen.

Beverly Hills Cop mam Eddie Murphy. Et ass e Film, deen een entweder nach ni gesinn huet oder schonn auswenneg kennt. Fest steet, et ass en absolutte Klassiker, deen dem Schauspiller 1984 zum endgültegen Duerchbroch verhollef huet.

Zwee Fortsetzunge vun der Action-Komedy ronderëm de Polizist Axel Foley sinn an de Joren dono erauskomm. Dunn war et bal 30 Joer roueg, ma elo steet fest : Beveryl Hills Cop 4 kënnt a soll vu Netflix produzéiert ginn. D’Story soll also definitiv ofgeschloss ginn.

Leider ginn et awer nach keng wieder Detailer.