Trotz Corona iwwertrëfft de neie Marvel-Film weltwäit sämtlech Erwaardungen.

Den 1. September ass de neie Marvel-Film Shang-Chi and the Legend of the Ten Rings zu Lëtzebuerg an de Kino komm. Geplangt war de Blockbuster eigentlech schonn am Februar, mee Corona-bedéngt huet de neie Marvel-Held e puer Méint méi laang misse waarden. An obwuel duerch t’Delta-Variant nach ëmmer relativ wéineg Leit an de Kino ginn, huet de Film ageschloe wéi eng Bomm. Weltwäit steet en un der Spëtzt vun de Kino-Charts an huet eleng an den USA duebel esouvill agespillt wéi geduecht. Vue dass de Film eng asiatesch Geschicht erzielt an och vun enger asiatescher Equippe kreéiert gouf, erwaart een sech de gréissten Ëmsaz a China. Hei gëtt et allerdéngs nach kee konkrete Release-Dag.

RTL

© Screenshot Rotten Tomatoes

Bedéngt duerch de grousse Succès fuerderen d’Fans natierlech, dass de Shang-Chi e neien Avenger soll ginn. Logesch wier et, ëmmerhin huet de Marvel Chef Kevin Feige rezent an engem Interview alt erëm confirméiert, dass e weidere fënneften Avengers-Film soll erauskommen. Et wéilt een sech awer gutt Zäit loossen, well Superhelde missten als éischt opgebaut ginn an dat kann, wéi een och scho fréier bei Ironman, Thor a Co. gesinn huet, gäre mol e puer Joer an e puer Filmer laang daueren.

Schang-Chi and the Legend of the Ten Rings lount sech awer definitiv. Eng gelonge Presentatioun vun engem neie Superheld, dee mat chineesescher Mythologie a Martial Arts endlech mol erëm frësche Wand an den MCU bréngt. A wann dir nach eng lescht Iwwerzeegung braucht fir de Film kucken ze goen, weltwäit gëtt 98% vum Public den Daum erop. Bei de Filmkriticker sinn et 92%.