18 Joer nom leschte Film kënnt endlech de 4ten Deel vu Matrix an de Kino.

Laang waren et nëmme Spekulatiounen, ma den 22. Dezember kënnt endlech de neie Matrix an de Kino. Et ass de mëttlerweil véierten Deel mam Numm Resurrections. Ganzer 18 Joer no der ursprénglecher Trilogie iwwerhulen de Keanu Reeves an d'Carrie-Anne Moss nees hier Rollen als Neo an Trinity, fir d'Mënschheet an enger däischterer Zäit géint mächteg Maschinnen ze verdeedegen.

Als Regisseurin, Dréibuchauteurin a Produzentin gouf hei d'Lana Wachowski zesumme mat senger Schwester dem Lilly Wachowski engagéiert, déi och scho fir déi éischt 3 Filmer verantwortlech waren.

Iwwert d'Handlung war laang net vill bekannt. Matrix 4 soll awer déi zentral Theme vun den éischten 3 Filmer opgräifen. Intressant gëtt et ze gesinn, wéi se un de Schluss vu Matrix Revolutions uknäppen an och verschidde Widderspréch opdecke wäerten. Am neien Deel soll virun allem d’Libesgeschicht tëscht dem Neo an dem Trinity behandelt ginn. Och soll ee sech als Fan op déi eng oder aner Stil-Ännerung prett maachen.