Disney Filmer, déi dëst Joer nach erauskommen, gi fir d’éischt an de Kinoe gewisen.

Dat huet d’Entreprise e Freideg matgedeelt. De Streaming muss da waarden. D’Zil wier et de Kinoen z’erméiglechen nees genuch Public empfänken ze kënnen. Wärend der Pandemie waren d’Kinoe jo ganz staark vun de Restriktioune getraff.