Haut kaum ze verstoen : Am Joer 2005 waren d'Fans net begeeschtert vum Daniel Craig.

Den 30. September kënnt zu Lëtzebuerg de neien James Bond mam Titel No Time To Die an de Kino. Et ass de 25. an zäitgläich leschten Deel mam Daniel Craig an der Roll vum ikonesche brittesche Spioun 007.

Verschidden Ëmfroen no ass den Daniel Craig, hannert dem Sean Connery, op der zweeter Platz vun de beléiftste Bond-Schauspiller. Et ass e Resultat dat iwwerrascht, gouf den Daniel Craig am Joer 2005 no sengem Casting vun engem Groussdeel vun de Fans an esouguer vun de Produzenten a Regisseuren ofgeleent. No ville Protester war esouguer d'Première vum Film Casino Royale a Gefor boykottéiert ze ginn.

De Schauspiller huet sech staark vu senge Virgänger ënnerscheet. Dat virun allem beim Schéinheets-Ideal an och an der Aart a Weis, wéi hien de Spioun 007 verkierpert huet. Seng Roll ass méi un déi original Romanfigur ugehaucht a vläicht ass genee dat och de Grond fir säi schlussendleche Succès. E frësche Stempel op eng ikonesch Roll, an där den Daniel Craig virun allem schauspilleresch iwwerzeege konnt.

Et steet also fest : De neien James Bond (wien och ëmmer et wäert ginn) wäert et net einfach hunn, mat der Verkierperung vum Daniel Craig matzehalen.