An der Nuecht op e Méindeg war déi 73. Editioun vun den Emmy Awards zu Los Angeles.

Bei der Televisiouns-Präisverdeelung huet virun allem d’Netflix-Serie "The Crown" ofgeraumt. "The Crown" krut 11 Präisser ënner anerem de Präis vu beschter Drama-Serie, d’Olivia Colman gouf als bescht Drama-Schauspillerin fir hir Roll vun der Queen Elizabeth geéiert. Och d’Serien "Ted Lasso" an "The Queen’s Gambit" goufen ënner anerem ausgezeechent.