Fans vun der Serie Casa de Papel kënnen sech nach dëst Joer op e Remake freeën...oder och net?!

Déi spuenesch Serie La Casa de Papel (Das Haus des Geldes) steet aktuell op Platz 4 vun den erfollegräichsten Netflix-Serie vun allen Zäiten. Millioune vu Fans waarde gespaant op déi lescht fënnef Episode vun der fënnefter a leschter Staffel, déi den 3. Dezember soll erauskommen. Dann gi mir endlech gewuer, wéi de spektakulären Iwwerfall an der Bank vu Spuenien op en Enn geet.

La Casa de Papel ass e Phänomen, deen zanter Joren op der ganzer Welt begeeschtert. Schonn ëmmer wënschen sech Fans dowéinst méi iwwer d'Hannergrënn vun de Personnagë gewuer ze ginn. Dowéinst huet Netflix scho virun enger Zäit ugekënnegt, verschidde Spin-Off-Serien erauszebréngen, déi sech mat der Virgeschicht vum Professer, Tokyo, Nairobi a Co. ze beschäftegen.

Fans vun der Serie kréien allerdéngs scho ganz geschwënn no der Final weidere Contenu geliwwert. An zwar huet Netflix elo e Remake vun der Serie confirméiert. De Release gouf nach viru Silvester 2021 ugekënnegt. Et soll sech hei ëm eng südkoreanesch Versioun handelen, dat mat südkoreanesche Schauspiller an enger Geschicht, déi um Kontinent Asien spillt.

Wann een de Gerüchter gleeft, soll et hei awer virun allem un Innovatioun feelen. D'Geschicht soll quasi eng Kopie vum Original sinn. Berechtegt stellt sech also d'Fro, wat dat Ganzt iwwerhaapt soll? Erfahrungsgeméis interesséieren um asiatesche Kontinent éischter Filmer a Serien, déi och an dëser Regioun produzéiert goufen. Produktiounen aus den USA an aus Europa dinn sech an Asien éischter schwéier. Mat dëser neier Versioun kéint sech Netflix also weider um asiatesche Marché etabléieren. Dat mat Hëllef vun engem groussen Aushängeschëld vun der Streamingplattform.

Natierlech ass Netflix eng Entreprise, déi wëll méiglechst vill Geld verdéngen... Allerdéngs gouf bei eis an der Redaktioun bei dëser Nouvelle relativ de Kapp gerëselt...