Wien als Schauspiller den James Bond verkierperen, huet e laange Wee viru sech...

Den 29. September kënnt e Film eraus, op dee mir, bedéngt duerch Covid-19, bal zwee Joer hu misse waarden. James Bond – No Time To Die. De 25. an zäitgläich leschten Deel mam Daniel Craig an der Roll vum charismatesche Spioun 007.

Zanter Méint a Méint stellt een sech mëttlerweil d’Fro: Wien gëtt säin Nofollger? Wien wäert de siwente James Bond Schauspiller ginn? Fest steet, et gëtt eng schwéier Aufgab, ass den Daniel Craig verschidden Ëmfroen no, ëmmerhin den zweet-beléiftste Bond-Schauspiller iwwerhapt. Leider wësse mir op dës Fro aktuell nach ëmmer keng Äntwert.

Vun de Produzente koum d’Nouvelle, dass ee mat engem Successeur net virun 2022 dierf rechnen. Virum nächste Joer wéilt een sech doriwwer nämlech keng Gedanke maachen, ënnert anerem fir dem Daniel Craig genuch Zäit ze ginn, säi leschte Film kënne ganz a Rou ze presentéieren.

Fest steet awer: Den James Bond wäert weder elo, nach an Zukunft eng Fra sinn. Dës Roll wäert fir e Mann reservéiert sinn. Awer wëll een och bei der James Bond Franchise mat der Zäit goen, an dem 007 verschidde staark weiblech Charakter un d’Säit stellen.

Rumeuren iwwer e neie Schauspiller goufen et der vill. Alleguer hunn se sech als falsch erausgestallt. An am Allgemengen ass de Casting fir de neie Bond ze ginn, relativ speziell, fir net ze soen immens schwéier. Esouguer wann een d’Schauspill-Tester an de Schéiss souwéi Stunt-Training packt, kann een nach ëmmer am leschten Ament gekickt ginn. Well och wann de Regisseur, de Studio an d’Produzenten sech eens sinn, dat lescht Wuert huet nach ëmmer d’Broccoli-Famill, déi d’Rechter um Franchise besëtzt.

Et dierf een also op nächst Joer gespaant sinn...