Wëssenschaftler aus England hunn de grujelegsten Horrorfilm vun allen Zäiten ermëttelt...

A manner wéi dräi Wochen ass Halloween a wann bis d’Fest vun den Doudege virun der Dier steet, fänkt och eisen Alldag un bëssi méi spooky ze ginn. Wärend déi eng fläisseg d’Haus oder d’Wunneng dekoréieren a Kalbasse schnëtzen, freeën sech Film-Fans virun allem op Horrorfilmer. Joer fir Joer ginn déi albekannte Schocker, Psycho-Thriller an Horror-Klassiker ausgepaakt. Och Filmstudioe profitéiere fir am Oktober déi neiste Filmer an de Kino ze bréngen. Dëst Joer stinn dann ënnert anerem Last Night In Soho, Antlers an Halloween Kills um Agenda.

Bei Horror-Filmer ginn et jo zwou Zorte vu Leit. Déi eng kréie guer net genuch dovunner an anere fäerten sech den Aarsch aus der Box, lafe panesch aus dem Kino oder kënnen dono deeglaang net schlofen. Sech grujelege mécht awer Jiddereen.

Eng nei Etüd huet dann elo erausfonnt, wéi een Horrorfilm dann elo dee grujelegsten iwwerhapt ass. Déi englesch Entreprise Broadband Choices huet sech mat dësem Sujet gefaast a mat wëssenschaftlechen test de Gewënner ermëttelt. Pro Film gouf nämlech den Häerzschlag vun de Spectateure genee observéiert an dono analyséiert.

RTL

© Screenshot Rotten Tomatoes

Am meeschte gestresst war de Public dann net bei IT, Conjuring oder Exorcist, mee beim Horror-Film Host, deen eréischt dëst Joer erauskomm ass. Hei geet et ëm 6 Kolleegen déi wärend engem Zoom-Meeting mat iwwernatierleche Phenomeener konfrontéiert ginn. De Public war bei dësem Film esou gestresst, dass een op duerchschnëttlech 88 Häerzschléi pro Minutt komm ass. Bei dësem Film hunn esouguer 100% vun de Kritiker e positive Review ofginn, wat éierlech gesot, bei Horrorfilmer quasi ni virkënnt.

Wien also fir Halloween de perfekte Film sicht fir sech d’Decken iwwer de Kapp ze zéien, Host schéngt den ideale Choix ze sinn.