Am véierten Deel huet de Sylvester Stallone just eng kleng Roll an huet fir d'Zukunft esouguer vun engem Abschid geschwat.

Aktuell ass et siwe Joer hier, dass ''Expendables 3'' an de Kino lancéiert gouf. Elo kënnt d'Franchise dann no laanger Zäit zeréck, dat quasi ouni de Sylvester Stallone. De Schauspiller Jason Stathom steet nämlech am véierten Deel am Fokus, deen och éischter ee Spin-off soll sinn an der dem Jason seng Figur Lee Christmas am Fokus steet.

An engem ''Behind-the-Scences-Video'' vum Expendables 4-Set huet sech de 75 Joer ale Sylvester nämlech iwwert Instagram zimmlech nodenklech u seng Fans geriicht an huet och vun engem Schluss geschwat. Et gëtt Zäit weider ze maachen. Dat hei ass mäi leschten Dag, esou de Stallone iwwert Instagram.