Ënnert aneren ass den ''Doctor Strange in the Multiverse of Madness'' op Mäerz 2022 verluecht ginn.

Jiddereen dee Fan vu Superhelde-Filmer ass, muss sech an Zukunft ee bësse gedëllegen. Déi Filmer kommen nämlech däitlech méi spéit eraus wéi geplangt. Verschiddener ware schonn duerch d'Pandemie verréckelt ginn an elo dann op en neits.

''Black Panther'' kënnt also eréischt  am November 2022 eraus. De Produzenten no, gëtt d'Haaptroll vum verstuerwene Chadwick Boseman fir eng Fortsetzung net nei besat. De Marvel-Film ''Doctor Strange in de Multiverse of Madness'', gëtt op Mäerz 2022 verluecht, ''Thor: Love and Thunder'' op Juli 2022.

Dee fënneften Indiana Jones ass deemno vum Juli 2022 op juni 2023 verréckelt ginn. Den Harrison Ford an der Haaptroll wäert also 81 Joer hunn, wann de Film endlech an de Kinoen eraus kënnt. D'Dréiaarbechte fir de Film, ënnert der Regie vum James Mangold, haten am Ufank Juni vun dësem Joer ugefaangen. Allerdéngs hat sech den Harrison bei enger Kampfzeenen eng Verletzung un der Schëller zougezunn an huet fir e puer Woche misste Paus maachen. Donieft ass dann awer nach de Mads Mikkelsen an Phoebe Waller-Bridge mat dobäi.

Verschiddenen Insider no gi vill vun der Verspéidungen op de Konto vu Produktiounsproblemer. Bei de Marvel-Filmer kënnt dann nach dobäi, dass déi dacks zesummenhänken. Huet ee Film Verspéidung da wierkt sech dat och op aner Filmer aus an et entsteet een Domino-Effekt.