D'Waarden kënnt lues awer sécher op een Enn. Den DC Superhelde-Favorit kënnt nächst Joer am Mäerz endlech an d'Kinoen.

Nächst Joer komme vill Fans vum Batman op hier Käschten. Nodeems 2012 de Film ''Batman: The Dark knight Rises'' eraus komm ass, kënnt quasi genau 10 Joer méi spéit een neien an de Kino. Den Direkter an Auteur vum Dréibuch Matt Reeves, deen och fir ''Dawn of the Planet of the Apes'' verantwortlech ass, suergt hei fir ee jonke Batman, deen et mat ville verschiddene legendäre Comic-Bicher-Gangsteren ze di kritt.

Nodeems de Release wéinst der Corona-Pandemie schonn ee puer mol verréckelt gouf, huet Waner Bro. elo de Release vum Film op den Datum vum 4. Mäerz 2022 gesat.