Fans vun der Star Wars Franchise erlierwen aktuell eng weider Enttäuschung...

Am Dezember 2019 ass Star Wars: The Rise of Skywalker an de Kino komm. Domat ass 40 Joer nom éischte Film d'Skywalker-Saga op en Enn gaangen. Zanterhier geet et mat der Franchise allerdéngs drënner an driwwer.

Disney fokusséiert sech zanter Joren nämlech virun allem op Serien, déi um Streamingdéngscht op Disney+ erauskommen. Beispiller sinn ënnert anerem The Mandalorian, eng Serie iwwer den Obi-Wan Kenobi oder och The Book of Boba Fett.

Wat de Kino ugeet ass d’Saach allerdéngs méi komplizéiert. Geplangt war ufanks eng nei an eegestänneg Trilogie, déi dunn awer nees relativ séier op Ais geluecht gouf. De mëttlerweil véierte Regisseur, dee mat engem Projet beoptraagt gouf, ass  d’Patty Jenkins, déi am Dezember 2023 de Film Star Wars: Rogue Squadron sollt an de Kino bréngen.

Rezent koum awer d’Nouvelle, dass dëse Film op onbestëmmten Zäit verluecht gouf. Experte mengen, dass dëst virun allem mam prall-gefëllten Agenda vun der Regisseurin ze dinn huet, produzéiert hat nämlech aktuell Wonder Woman 3 an e Film iwwer d’Cleopatra, alle béid mam Gal Gadot.

Et bleift da just ze hoffen, dass Rogue Squadron net ganz gestuerwen ass an dass Disney e Film fënnt, deen dësen am Dezember 2023 kann ersetzen.

De Kommentar vun der Redaktioun:
D'Kino-Situatioun vu Star Wars fänkt lues a lues richteg un ze nerven!