Kéint d'Theaterstéck "Harry Potter and the Cursed Child" eventuell verfilmt ginn?

Viru genee 20 Joer ass den éischten Harry Potter Film an de Kino komm. An Kader vum Jubiläum huet den deemolege Regisseur Chris Columbus en Interview mat Variety gefouert an dobäi relativ interessant Gerüchter lancéiert.

Och wann dat lescht Buch viru 14 Joer an de leschte Film virun 10 Joer erauskomm ass, ass d'Franchise ronderëm d'Zaubererwelt nach laang net um Schluss ukomm. Ënnert anerem gouf mat Phantastic Beasts e Spin-Off lancéiert vun deem an de nächste Jore schonn den drëtten Deel vun der Trilogie an de Kino soll kommen.

Donieft huet d'Schrëftstellerin J.K. Rowling och en Theaterstéck mam Numm Harry Potter and the Cursed Child geschriwwen, dat zanter e puer Joren och schonn erfollegräich opgefouert gëtt. Am rezenter Interview huet de Chris Columbus dann erkläert, dass hien sech eng Verfilmung dovunner duerchaus virstelle kéint.

"Ech géif bei dësem Film wierklech immens gäre Regie féieren. Et ass éierlech gesot eng kleng Fantasie vu mir. The Cursed Child ass e richteg gutt Stéck an den Daniel Radcliffe, d'Emma Watson an de Rupert Grind sinn aktuell och genee am richtegen Alter fir d'Rollen ze spillen."

Och wann vill Fans sech bestëmmt eng Verfilmung géife wënschen, bréngt dëse Projet verschidde Problemer mat sech. Ënnert anerem gouf the Cursed Child réng als Theaterstéck produzéiert. Och wann een d'Geschicht mat Sécherheet adaptéiere kéint, dauchen am Stéck verschidden Zäitspréng op, déi vum Severus Snape an der Vergaangenheet handelen. De Schauspiller Alan Rickman, deen dësen an de Filmer verkierpert huet, ass allerdéngs am Joer 2016 verstuerwen. Zwar kéint een hei verschidden eeler Opname benotzen (wéi et och scho beim Carrie Fischer a Star Wars gemaach gouf), et schéngt allerdéngs ongewéinlech, dass déi Responsabel esou ee Wee géife goen.

Och wann de Regisseur un dësem Projet interesséiert wier, bleift et aktuell awer wuel just eng Wonschvirstellung. Eng Stellungnam vum J.K. Rowling oder de Schauspiller vum Harry, Ron oder Hermine gouf et bis ewell nach net.