Dës Woch leeft de neie Ghostbusters zu Lëtzebuerg am Kino un. An dësen soll sech de Kritiker no, absolutt lounen.

Wéi déi meeschte Blockbuster ass och Ghostbusters: Afterlife, bedéngt duerch Covid-19, mat vill Verspéidung an de Kino komm. Ma elo ass de Film dobaussen an et ass, ville Kriticker no, déi Fortsetzung, déi Fans sech esoulaang gewënscht hunn. Esouwuel Hommage un den Original wéi och erfrëschend nei Iddie sinn an dësem Film present.

Am Film geet et ëm d'Carrie, dat mat sengen zwee Kanner Trevor a Phoebe an e kléngt Duerf um Land plënnert. Schnell fannen si Uschloss, nei Kolleegen, mierken awer relativ séier, dass hire Bop dat eent oder anert Geheimnis hat. Zäitgläich probéiert e paranormaalt Wiesen, mat deem d'Ghostbusters et fréier schonn eng Kéier ze dinn haten, zréck op d'Äerd ze kommen.

Schonn am Joer 2016 hat ee probéiert e Remake mat weiblechem Cast vu Ghostbusters an de Kino ze bréngen. Dëse war allerdéngs bei de Kritiker, wéi och beim Public gréisstendeels gefloppt. Ëmsou méi erfrëschend ass Afterlife. De Film gesäit sech nämlech éischter als Fortsetzung. Wéi et schéngt, gräift de Film d'Atmosphäre vum Original op, vergësst awer ni, dass mir mëttlerweil am 21ten Joerhonnert sinn.

Ghostbusters: Afterlife soll, de Kritiker no, esouwuel eeler Fans mat vill Nostalgie beandrocken, wéi och nei Spectateure begeeschteren, déi mat Ghostbusters bis ewell nach ni eppes um Hutt haten.

Eis Redaktioun huet sech de Film op alle Fall op d'Watchlist gesat.