Keng Film-Roll suergt fir méi Diskussioune wéi déi vum James Bond! E weidere Schauspiller huet elo säin Interessi gewisen.

Den Dwayne Johnson wier frou wann hie kéint déi bekannt Roll nom Daniel Craig iwwerhuelen. Mee hien huet och e ganz bestëmmte Grond dofier…Säi Bop hat nämlech am Joer 1967 de Béise géintiwwer dem deemolege James Bond gespillt, dee vum Sean Connery verkierpert gouf. Am Géigesaz zu sengem Bop wëll den Dwayne awer den Held spillen an net de Béisen. Wie weess ob dat als Grond duergeet fir déi legendär Roll ze kréien.