Wat déi nei LotR-Serie ugeet, hunn d'Fans endlech den éischten Trailer an den offizielle Numm matgedeelt kritt.

The Lord of the Rings vum J.R.R. Tolkien ass bis haut eng vun den erfollegräichste Fantasy-Franchisen iwwerhaapt. 17 Oscaren hunn déi dräi Filmer aus der Original-Trilogie gewonnen. Uschléissend gouf et eng weider Trilogie, déi sech mat der Geschicht vum Bilbo Baggins beschäftegt huet.

Amazon wëll d'Geschicht ronderëm Mëtteläerd elo weidererzielen. An de nächste Jore kënnt nämlech eng Serie op de Marché, déi iwwer e puer Staffelen eng Story thematiséiert, déi laang virun den Evenementer vu Frodo a Co. geschitt ass. Och ass et, mat 465 Milliounen Dollar Budget, déi deierste Serie vun allen Zäiten.

Rezent gouf elo net just den éischten Teaser/Trailer, ma och den offizielle Numm vun der Serie verrëfentlecht. Et handelt sech ëm The Lord of the Rings - The Rings of Power.

"Three Rings for the Elven-kings under the sky. Seven for the Dwarf-lords in their halls of stone. Nine for Mortal Men doomed to die. One for the Dark Lord on his dark throne. In the Land of Mordor where the Shadows lie."

Et ass e Passage, dee Fans vun der Serie duerchaus bekannt misst virkommen. Mir ginn also endlech konkret gewuer, wéi eng Evenementer wierklech dofir responsabel waren, dass de Frodo, Gandalf, Legolas a Co op hier geféierlech Missioun hu misse goen. Sou soten och déi Responsabel vun der Serie, J.D. Payne a Patrick McKay, wéi frou si wieren, dës Geschicht endlech kënnen ze erzielen.

"...The Rings of Power unites all the major stories of Middle-earth’s Second Age: the forging of the rings, the rise of the Dark Lord Sauron, the epic tale of Númenor, and the Last Alliance of Elves and Men. Until now, audiences have only seen on-screen the story of the One Ring, but before there was one, there were many… and we’re excited to share the epic story of them all."

D'Serie soll den 2. September op Amazon Prime Video erauskommen.