Wien soll, reng theoretesch, d'Oscaren dëst Joer moderéieren?

De 27. Mäerz gi fir déi 94. Kéier d’Academy Awards verdeelt. Zanter bal 100 Joer ass et de wichtegste Präis an der Filmbranche. Ofgesi vun der Corona-Kris sinn d’Oscaren awer zanter 2018 ouni offiziellen Host iwwer d’Bün gaangen. Dat wëll een, wéi et schéngt, dëst Joer awer nees änneren. Op Twitter huet d’Academy seng Fans nämlech gefrot, wien d’Leit, réng theoretesch, als Host wéilte gesinn.

Proposéiert goufen ënnert anerem de Hugh Jackman, de Ryan Rynolds, de Pete Davidson oder d’Spiderman-Schauspiller Tom Holland, Andrew Garfield an Tobey Maguire.

Witzegerweis waren d’Fans sech da bei enger Persoun eens: Jiddereen, just net den James Cordan.

Wien et schlussendlech gëtt? Mir halen iech um Lafenden!