Rezent ass zu Lëtzebuerg de fënneften Deel vum Horrorfilm Scream an de Kino komm. Wéi sinn d'Meenungen?

Scream war e Film, deen an de 90er Joren de Horror-Genre komplett op d’Kopp geheit huet. Et war deemools eng Hommage un déi bekannte Slasher-Filmer, déi bis dato erauskomm waren, ma huet Scream zu senger Zäit och eppes Neies an de Genre erabruecht an zwar ganz vill Humor.

Dräi Fortsetzungen an eng Serie méi spéit ass elo rezent de laang erwaarte 5ten Deel an d’lëtzebuerger Kinoe komm. Et handelt sech hei em e Sequel an deem vill vun de wichtegste Figuren aus dem Original zréckkommen.

RTL

© rottentomatoes.com

Déi aktuell Kriticke sinn dobaussen an déi klenge relativ villverspriechend. Scream 5 wier e brutalen Horror-Highlight mat kreativen Iddien an deem engen oder aneren Twist. Fir Scream-Fans wéi et schéngt e Must See. Och wann een, wéi sou dacks bei Horrorfilmer, verschidde Logikfeeler ze kritiséieren hätt.