Fans vun der Saw-Franchise dierfen sech op e coole Comeback freeën!

Am Horror-Genre muss een, wat d'Kult-Franchisen ugeet, ganz kloer Saw ernimmen. No Jigsaw 2017 an dem Spin-Off Spiral, dee lescht Joer an de Kino komm ass, soll elo um mëttlerweil 10ten Deel vun der Saga geschafft ginn.

Do soll dann den albekannte Jigsaw-Killer John Kramer zréckkommen. Hand an Hand mam Schauspiller Tobin Bell. Et soll sech dann net ëm Flashbacks handelen, mee ëm eng konkret Geschicht aus der Perspektive vum Jigsaw, déi zäitlech tëscht dem zweeten an drëtten Deel soll stattfannen.

Ech perséinlech fannen et richteg gutt, dass den John Kramer zréckkënnt an dass Saw soumat zréck zum Ursprong fënnt. Well d’Story vun de leschten Deeler war, éierlech gesot, relativ dacks un den Hoer erbäigezunn.