E Comeback vum Schauspiller ass elo offiziell vum Dësch.

The Fast & The Furious ass eng Franchise, déi sech an de leschten 21 Joer fest an der Filmbranche etabléiert huet. 9 Filmer sinn zanter dem Joer 2001 erauskomm. Den 10ten Deel soll dann de leschte sinn, a wéi scho bei Harry Potter deemools, an zwee gespléckt ginn.

Am Laf vun der Franchise huet och den Dwayne Johnson seng Optrëtter gehat ma wéinst perséinlechen a beruffleche Streidereie mam Produzent, Regisseur a Schauspiller Vin Diesel, huet The Rock viru Joren decidéiert, dem Projet de Réck ze dréinen. Rezent huet de Vin Diesel sech dann an engem Instagram-Message u säi fréiere Kolleeg adresséiert mat de Wierder:
Komm fir déi grouss Final zréck an erfëll däi Schicksal!

Wien de Post liest, mierkt awer relativ séier, dass dësen op der enger Säit immens verzweiwelt eriwwerkënnt, ma zäitgläich och immens manipulativ ass. De Vin Diesel adresséiert nämlech esou munch perséinlech Anekdoten, déi an der Ëffentlechkeet jo esou guer Näischt verluer hunn. Dat seet och den Dwayne Johnson, dee nach eng Kéier betount huet, dass him d’Crew hannert der Franchise duerchaus um Häerz géif leien, hien awer op kee Fall nach eng Kéier an engem Fast&Furious Film wäert matspillen.