Mat 79 Joer wëll den Harrison Ford et nach eng Kéier wëssen.

Dee 5. Deel vun "Indiana Jones" kënnt mëtt 2023 an de Kinoen eraus. Donneschdes de 26. Mee huet den Harrison Ford déi Noriicht matgedeelt an zwar am Kader vun der Lucas Film – Star Wars Celebration.
Dem Schauspiller no sinn d’Dréiaarbechte quasi fäerdeg . De Produzent ass dann hei den James Mangold. Ma iwwert d’Story ass nach näischt gewosst, alles wat vum Film bis ewell gewise gouf ass eng Foto.