D’Real-Verfilmung vum Dinsey-Hit "Hercules" kënnt esou lues an d’Rullen.

Nodeems een elo 2 Joer näischt dovunner héieren huet, weess een elo wien de Regisseur wäert sinn an zwar de Guy Ritchie, deen iwweregens och fir d’Aladin Verfilmung. Ufanks gouf gesot, dass d’Verfilmung vum original wäert ofweigen. Ma aktuell kéint et sinn, dass se sech elo awer méi no um original orientéiert. De Guy Ritchie hat sech bei Aladin nämlech och no un der original Versioun beweegt. An zousätzlech gëtt dat geschriwwent Dréibuch nach eng Kéier iwwerschafft. Optimistesch kann een d’Joer 2024 als dat Joer nennen an dem de Film kéint eraus kommen.