Aktuell ginn d'Rumeure ronderëm, dass een drëtten Deel kéint an d'Produktioun goen.

Top Gun: Maverick, d’Fortsetzung vum Original deen am Joer 1986 eraus komm ass, ass dëst Joer an de Kinoen ageschloe wéi eng Bomm. D’Erwaardunge goufen deemno net just erfëllt, mee esouguer iwwertraff. Aktuell ass et dee Film, deen dëst Joer bis elo am meeschten agespillt huet an zwar 1,2 Milliarden Dollar weltwäit.

De Schauspiller Miles Teller aus der Fortsetzung huet elo bestätegt, dass et well Gespréicher goufen iwwert een drëtten Deel an deem och nees warscheinlech den Tom Cruise dobäi wär. De Miles Teller AKA Rooster, betount hei ganz kloer, dass d’Decisioun beim Tom läit ob iwwerhaapt een drëtten deel gedréint gëtt. Deen huet sech allerdéngs nach net offiziell zu engem drëtten deel geäussert. Den Tom Cruise schafft nämlech momentan u Mission: Impossible 8.