Op der Comic-Con zu San Diego huet de Kevin Feige de Plang fir d'Zukunft vum MCU presentéiert.

Wéi soll et an de nächste Jore mam Marvel Cinematic Universe weidergoen? Op dës Fro gouf et bis ewell keng kloer Äntwert. Fans kritiséieren zanter Joren, dass aktuell kee richtege Plang ze erkenne wier. Et géif e roude Fuedem feelen fir dee Marvel am leschte Joerzéngt dach esou bekannt war. Elo gouf op der Comic-Con zu San Diego dann endlech de laang erwaarte Plang bis 2025 presentéiert.

Phase 4 vum MCU soll scho ganz geschwënn mam Film Black Panther – Wakanda Forever op en Enn goen. Dozou gehéieren och rezent Produktioune wéi Black Widow, Eternals, Spider Man 3, Doctor Strange 2 an den aktuellen Thor – Love And Thunder.

Phase 5 soll nächst Joer am Februar mat engem neien Ant Man lancéiert ginn. 12 Filmer a Serië sollen zu der Phase 5 gehéieren, vun deenen déi meescht schonn nächst Joer erauskommen. Mat dobäi ënnert anerem e neie Guardians Of The Galaxy, Captain Marvel 2, e neie Captain America an eng nei Staffel vu Loki.

Den Ofschloss vun der Multiverse Saga, Phase 6, soll dann am November 2024 lancéiert ginn. Wéi eng Filmer a Serien hei mat dobäi sinn, gouf bis ewell nach net bekannt gemaach. Experten erwaarden sech hei awer méi Detailer am September wann déi Disney-Expo stattfënnt.

Opschiddefall sollen an de nächste Joren eng Rëtsch nei Superhelde presentéiert ginn, déi dann am Joer 2025 déi nei Avengers sollen duerstellen. Avengers – The Kang Dynasty an Avengers – Secret Wars sinn nämlech alle béid fir 2025 datéiert.

Op dës Avengers da genee esouvill Succès wäert hunn wéi d’Equippe ronderëm Iron man, Thor, Hulk a Co, bleift ofzewaarden.