Fir déi, déi scho ganz laang op en neie "Saw"-Film waarden, ginn et gutt News.

Et ass nämlech elo offiziell. Den 10. Deel vun der "Saw"-Franchise kënnt geschwënn eraus. Leider net fir Halloween dëst Joer mee fir d’nächst Joer kënnt den Horrorfilm pénktlech fir d’Fest eraus, also de 27. Oktober 2023 an den US-Kinoen. Lionsgate an Twisted Pictures hunn de Release ugekënnegt.

De Kevin Greutert wäert d’Regie féieren. Iwwer d’Geschicht selwer ass nach net vill gewosst. De Studio huet awer versprach dass de Film d’Häerz an aner Kierperdeeler vun de Fans erobere wäert. An dass et nei Falen a Rätsele wäert ginn.