Et ginn am Fong quasi ëmmer Rumeuren iwwer de James Bond. Virun allem zanterdeem den Daniel Craig säi leschte Film hannert sech bruecht huet.

D’Fro vu sengem Nofollger beschäftegt wierklech vill Leit. Elo ginn et dann e puer nei Infoen. E Hollywood-Insider huet gesot dass no engem jonke Schauspiller gesicht gëtt, deen op d’mannst fir 3 Filmer disponibel wier. Méi präzis gëtt no engem Schauspiller gesicht deen ongeféier 30 Joer huet.

De Moment sinn d’Favoritten ënner anerem de "Bridgerton"-Schauspiller Regé-Jean Page, de "Game of Thrones"-Schauspiller Richard Madden an de 26-järege "Spiderman"-Schauspiller Tom Holland. Mee de Schauspiller soll och zimmlech grouss si wat den Holland dann eventuell ausschléisse kéint. Den Idris Elba, ee vun den anere grousse Favoritten, ass op alle Fall sécher net méi an de Gespréicher. Et bleift also weiderhi spannend!