
© YouTube Screenshot
E bësse méi ass elo iwwer den neien "Ocean's Eleven"-Film gewosst.
Den Duo Ryan Gosling-Margot Robbie kenne mir jo schonn aus dem immens gehypte Barbie-Film. Obwuel d’Dréiaarbechten eréischt viru kuerzem ofgeschloss goufen, wäerten déi zwee Schauspiller warscheinlech deemnächst nees matenee schaffen. An zwar goufe si fir de Reboot vun "Ocean’s Eleven" erausgesicht.
Et handelt et sech ëm eng Prequel, déi am Europa vun de 60er Jore stattfanne wäert. D’Margot Robbie wäert iwwregens net nëmmen als Schauspillerin täteg si mee och als Producer. Rumeuren iwwer de Reboot goufen am Mee gestart mee och e puer Méint méi spéit ass bal guer näischt iwwer de Film gewosst.