De Massimo huet sech den Agenda fir de Mount September ugekuckt a presentéiert seng Top-Picks.

Netflix :

Den Hierscht kënnt lues awer sécher ëmmer méi no. Also och déi Zäit an där een et sech doheem um Canapé ënnert der Decke gemittlech mëscht. Fir de nächste Serien-Marathon kënnt de 9ten September déi fënneft Staffel vun der Action/Comedy Serie Cobra Kai eraus.

Den 28ten September gëtt dann d’Story vun enger Fra erzielt, déi wuel ouni Zweiwel eng vun de bekanntsten an der Geschicht vum Showbusiness ass. Et ass d’Marilyn Monroe am Film Blonde.

Amazon Prime Video :

Den Hierscht schéngt fir Fantasy-Fans richteg interessant ze ginn. Nieft dem Game of Thrones Spin-Off House of Dragon (Sky) kënnt den 2te September op Amazon déi laang erwaarten Herr der Ringe Serie eraus. Se nennt sech The Rings of Power an ass bei wäitem déi deierste Serieproduktioun vun allen Zäiten.

De 16te September dierfen sech Fans vum Channing Tatum dann op de Film Dog freeën. Et ass d’Geschicht vun engem Hond an engem Mënsch, déi sech ufanks guer net kënne leiden, dono awer onzertrennlech ginn.

Disney +

Punkto Remakes ass et bei Disney a leschter Zäit méi roueg ginn. Den 8te September (um offiziellen Disney+ Dag) kann een sech awer op d’Realverfilmung vum Klassiker Pinocchio freeën.

Um selwechten Dag ass och de Film Thor - Love and Thunder mam Chris Hemsworth a Nathalie Portman disponibel, dee virun e puer Wochen nach am Kino gelaf ass.

An fir Fans vu Star Wars kënnt den 21. September eng nei Serie mam Numm Andor op de Marché.