Nom Skandal bei deene leschten Oscare wëll de Chris Rock d'Zeremonie net méi moderéieren.

Hie gouf nämlech gefrot fir d’Academy Awards 2023 nach emol ze moderéieren. Wärend enger Comedy-Show huet de Chris Rock doriwwer geschwat. Hie sot dass et kriminell wier wann hien nach eng Kéier als Moderator op d’Oscar-Bün komme géif. Wärend senger Show huet de Komiker och gesot dass hie refuséiert hat an enger Superbowl-Reklamm matzespillen.

Wärend den Oscaren dëst Joer hat de Will Smith jo dem Chris Rock eng op de Bak gi well hien e Witz iwwer seng Fra Jada Pinkett-Smith gezielt hat.