Den 2ten September kënnt op Amazon Prime Video déi laang erwaarten Serie eraus.

Den Hierscht gëtt fir Fantasy-Fans richteg interessant. Nieft dem Game of Thrones Spin-Off House of Dragon kënnt dëse Freiden (02.09) op Amzon Prime Video endlech Lord of the Rings – The Rings of Power eraus.

Elo si schonn déi éischt Kriticker-Reaktioune vun der deierster Serie vun allen Zäiten erauskomm. The Rings of Power wier anscheinend iwwerwältegend, virun allem visuell gesinn. Allerdéngs wier d’Story an den Tempo vun den éischten Episoden ë bëssi lues, virun allem well ee vill nei Charaktere presentéiere muss.