Rezent ass de Game of Thrones Spin-Off House of Dragon op de Marché komm.

Laang hunn d’Game of Thrones-Fans op dëse Moment misse waarden. Säit gutt 2 Wochen ass lo dann endlech de Requel vu Game Of Thrones als House of the Dragons dobaussen. All Woch an der Nuecht vu Sonndes op Méindes kennt eng nei Episod eraus. Am ganze ginn et 10 Episoden, déi ronn 200 Joer viru Game of Thrones spillen.

An der Geschicht steet bis elo mol d’Famill vun den Targaryens am Fokus bei deene mol rëm eng Kéier ee Wiessel vun der Herrschaft usteet. Ier mer hei awer lo ze vill spoileren, kann ee soen dass d’Serie definitiv derwäert ass ze kucke wann ee Game of Thrones wierklech gutt fonnt huet.

Allerdéngs soll een sech bewosst sinn, dass déi éischt zwou Episoden déi bis elo dobaussen si scho vollgepaakt si mat Gewalt a Sex-Zeenen. Am Internet gëtt dann och schonn driwwer debattéiert, ob d’Serie eventuell esouguer ze krass wier.

Wien awer well wësse wat 200 Joer virum John Snow an dem Deanerys Targarye">Targaryen geschitt ass, dee soll sech informéiere wou een d’Serie dann och hei am Land ka kucken an sech Méindes Owes Zäit huelen.

Allerdéngs muss een awer fairheetshalber och soen, dass et vu Virdeel wier, wann ee Game Of Thrones am Virfeld gesinn huet, fir ze verstoen, wéi déi verschidde Famille mateneen ze dinn hunn.

Fazit aus der Redaktioun :
House of Dragon ass Top! D'Serie liwwert alles wat een schonn u Game Of Thrones gefeiert huet.

Eng zweete Staffel ass och scho confirméiert ginn.