Et ass eng Comedie, déi duerch seng Besetzung scho vill versprécht.

De Film "Der Nachname" ass eng däitsche Comedie, bei der ënnert anerem de Stromberg-Star Christoph Maria Herbst an de Florian David Fitz mat dobäi ass. Et ass d'Fortsetzung vum Film "Der Vorname" a versprécht ee Laachkrämpchen nom aneren. Eng ganz Famill mécht zesummen an enger Finca op Lanzarote Vakanz, wou dann och eng grouss Neiegkeet ugekënnegt soll ginn. Allerdéngs ass dës Vakanz net wierklech eng erhuelsam vue, dass alles extrem Chaotesch ass, Koppele Sträit kréien an och nach dat eent oder anert Geheimnis eraus kënnt.

Deen dréchene Witz fir deen de Christophe Maria Herbst bekannt ass, dierf hei natierlech net feelen. Hei zu Lëtzebuerg leeft de Film vum 19.10.2022 un.