
© Oppenheimer / Screenshot YouTube
Een historesche Film iwwert de Wëssenschaftler Oppenheimer, deen am zweete Weltkrich gehollef huet d'Atombomm ze bauen.
Den 20. Juli 2023 bréngt de Regisseur Christopher Nolan de Film "Oppenheimer" an de Kinoen eraus. Et geet hei ëm soss keen anere wéi dee Mann deen am zweete Weltkrich de wëssenschaftleche Leeder vum Manhatten Project war, wat wärend dem Krich d'Atombomm entwéckelt huet. Genau ëm dee Physiker geet et an dësem Film.
Wat ee scho mol direkt muss erwänen dat ass de Cast vum Film. De Wëssenschaftler Oppenheimer gëtt hei nämlech vum Peaky Blinders Star Cillian Murphy gespillt. Soss nach mat dobäi ass de Robert Downey Jr., Matt Damon, Emily Blunt, Rami Malek an esouguer de Matthias Schweighöfer.
Ween sech elo schonn den Teaser vum Blockbuster ukucke wëll, dee kann dat gäre maachen. Dësen ass nämlech ganz rezent online gaangen. Iwweregens mat engem Countdown zum Release-Datum. Ee Countdown dee sech vun Dag zu Dag am Teaser och automatesch aktualiséiert.