Ladies Opgepasst! Magic Mike's Last Dance nennt sech den Ofschloss vun der Trilogie.

Magic Mike (2012) an Magic Mike XXL (2015). Zwee Filmer, déi weltwäit duerch de Plaffong gaange sinn an och haut nach op der Watchlist fir gemittlech Owender ënner Frëndinne stinn. D'Geschicht vun enger Grupp männleche Stripper huet sech dann an de leschte Joren och expandéiert. 2017 ass d'Show Magic Mike Live un de Start gaangen, déi mëttlerweil a ville verschidde Länner optrëtt.

Virun engem Joer huet den Channing Tatum ugekënnegt, dass en drëtten Deel mam Numm Magic Mike's Last Dance wäert erauskommen. Mat u Bord ass och de Steven Soderbergh, deen och scho beim éischten Deel Regie gefouert huet.

The Last Dance ass den Ofschloss vun der Trilogie an kënnt fir Vältesdag den 08.02.2023 an de Kino