Den 13. Mäerz ginn zu Los Angeles erëm d'Oscars verdeelt. Elo huet d'Academy d'Lëscht vun de Nominéierunge presentéiert.

Wien bei den Oscars de wichtegste Präis an der Filmbranche gewanne wäert, spigelt sech meeschtens scho bei de Golden Globes erëm. Dës sinn nämlech an de leschte Joren ëmmer en zouverlässegen Echo fir déi spéider Academy Awards gewiescht. Bei de Golden Globes dëst Joer hu virun allem The Fabelmans vum Steven Spielberg an The Banshees of Inisherin mam Colin Farrel ofgeraumt. Dës sinn dach och alle béid fir déi Top Kategorië bei den Oscars nominéiert.

Mat 11 Nominéierungen huet den Adventure a Science-Fiction Film Everything Everywhere All at Once d'Nues vir. Grouss Iwwerraschung war awer den däitsche Krich-Film Im Westen Nichts Neues, deen aktuell op Netflix disponibel ass a ganzer 9 Mol nominéiert gouf, ënnert anerem fir Best Picture.

Bei den Acteuren hunn bei de Golden Globes esouwuel den Austin Butler (Elvis) an de Colin Farrel (The Banshees of Inisherin), wéi och de Brandon Fraser (The Whale) an d'Cate Blanchett (Tár) de Präis fir de beschte Schauspiller gewonnen. Dës Nimm wäerten och bei den Oscars ze erwaarde sinn.

Iwwerraschend fir de beschte Film nominéiert sinn Avatar The Way of Water vum James Cameron an Top Gun Maverick mam Tom Cruise. Et ass nämlech an de Geschicht vun den Oscars éischter seelen, dass kommerziell Blockbuster fir de beschte Film nominéiert ginn.

Ervirzehierwen ass 2023 och eng lëtzebuerger Produktioun. De Film The Red Suitcase gouf integral um Findel gedréint an ass esouwuel vun engem lëtzebuerger Regisseur, wéi och Produzent, dem Cyrus Neshvad erstallt ginn. The Red Suitcase ass nominéiert an der Kategorie Best Live Action Short Film.

D'Oscars ginn 2023 vum Late Night Show Host Jimmy Kimmel moderéiert.

Hei fannt dir déi komplett Lëscht vun de Nominéierungen :

Bester Film

  • „Im Westen nichts Neues“
  • „Avatar: The Way of Water“
  • „The Banshees Of Inisherin“
  • „Elvis“
  • „Everything Everywhere All At Once“
  • „The Fabelmans“
  • „Tár“
  • „Top Gun: Maverick“
  • „Triangle of Sadness“
  • „Women Talking“

Bester Hauptdarsteller

  • Austin Butler in „Elvis“
  • Colin Farrell in „The Banshees Of Inisherin“
  • Brandan Fraser in „The Whale“
  • Paul Mescal in „Aftersun“
  • Bill Nighy „Living“

Beste Hauptdarstellerin

  • Cate Blanchett in „Tár“
  • Ana De Armas in „Blonde“
  • Andrea Riseborough in „To Leslie“
  • Michelle Williams in „The Fabelƒmans“
  • Michelle Yeoh in „Everything Everywhere All At Once“

Beste Regie

  • Martin McDonagh – „The Banshees Of Inisherin“
  • Daniel Kwan – „Everything Everywhere All at Once“
  • Steven Spielberg – „The Fabelmans“
  • Todd Field – „Tár“
  • Ruben Östlund – „Triangle of Sadness“

Bester Nebendarsteller

  • Brendan Gleeson in „The Banshees Of Inisherin“
  • Brian Tyree Henry in Causeway
  • Judd Hirsch in „The Fabelmans“
  • Barry Keoghan in „The Banshees Of Inisherin“
  • Ke Huy Quan in „Everything Everywhere All at Once“

Beste Nebendarstellerin

  • Angela Bassett in „Black Panther: Wakanda Forever“
  • Hong Chau in „The Whale“
  • Kerry Condon in „The Banshees Of Inisherin“
  • Jamie Lee Curtis in „Everything Everywhere All at Once“
  • Stephanie Hsu in „Everything Everywhere All at Once“

Bester internationaler Film

  • Im Westen nichts Neues (Deutschland)
  • Argentina 1985 (Argentinien)
  • Close (Belgien)
  • EO (Polen)
  • The Quiet Girl (Irland)

Bestes Originaldrehbuch

  • „The Banshees of Inisherin“
  • „Everything Everywhere All at Once“
  • „The Fabelmans“
  • „Tár“
  • „Triangle of Sadness“

Bestes adaptiertes Drehbuch

  • „Im Westen nichts Neues“
  • „Glass Onion – A Knives Out Mystery“
  • „Living“
  • „Top Gun“
  • „Women Talking“

Bestes Kostüm-Design

  • „Babylon“
  • „Black Panther“
  • „Elvis“
  • „Everything Everywhere All at Once“
  • „Mrs. Harris Goes To Paris“

Bester Ton

  • „Im Westen nichts Neues“
  • „Avatar – The Way Of Water“
  • „The Batman“
  • „Elvis“
  • „Top Gun: Maverick“

Beste Filmmusik

  • „Im Westen nichts Neues“
  • „Babylon“
  • „Banshee of Inisherin“
  • „Everything Everywhere All at Once“
  • „The Fabelmans“

Bester Song

  • „Applause“ aus „Tell It Like a Woman“
  • „Hold My Hand“ aus „Top Gun: Maverick“
  • „Lift me Up“ aus „Black Panther: Wakanda Forever“
  • „Naatu Naatu aus „RRR“
  • „This Is a Life“ „Everything Everywhere All at Once“

Bester Kurzfilm

  • „An Irish Goodbye“
  • „Ivalu“
  • „Le Pupille“
  • „Night Ride“
  • „The Red Suitcase“

Bester animierter Kurzfilm

  • „The Boy, the Mole, the Foy and the Horse“
  • „The Flying Sailor“
  • „Ice Merchants“
  • „My Year of Dicks“
  • „An Ostrich Told Me The World Is Fake and I Think I Believe It“

Bester Dokumentarfilm

  • „All That Breaths“
  • „All the Beauty and the Bloodshed“
  • „Fire of Love“
  • „A House Made of Splinters“
  • „Navalny“

Bester Dokumentar-Kurzfilm

  • „The Elephant Whisperers“
  • „Haulout“
  • „How Do You Measure a Year?“
  • „The Martha Mitchell Effect“
  • „Stranger at the Gate“

Bester Animationsfilm

  • „Guillermo Del Toros Pinocchio“
  • „Marcel the Shell With Shoes On“
  • „Der gestiefelte Kater: Der letzte Wunsch“
  • „Rot“
  • „Das Seeungeheuer“

Makeup und Hairstyling

  • „Im Westen nichts Neues“
  • „The Batman“
  • „Black Panther: Wakanda Forever“
  • „Elvis“
  • „The Whale“

Bestes Szenenbild

  • „Im Westen nichts Neues“
  • „Avatar: The Way Of Water“
  • „Babylon“
  • „Elvis“
  • „The Fabelmans“

Bester Schnitt

  • „Banshees of Inisherin“
  • „Elvis“
  • „Everything Everywhere All at Once“
  • „Tár“
  • „Top Gun: Maverick“

Beste Kamera

  • „Im Westen nichts Neues“
  • „Bardo“
  • „Elvis“
  • „Empire of Light“
  • „Tár“

Beste visuelle Effekte

  • „Im Westen nichts Neues“
  • „Avatar: The Way of Water“
  • „The Batman“
  • „Black Panther: Wakanda Forever„
  • „Top Gun: Maverick“