Marvel schéckt mam Benedict Cumberbatch als "Doctor Strange" e weideren Held an d'Course.

Am "Doctor Strange" léiere mir den héichtalentéierten Neurochirurg Stephen Strange, gespillt vum Cumberbatch, kennen, deen no engem Accident säi Beruff opgi muss. Doropshi reest den eemolegen Dokter op Tibeth, wou hien eng komplett nei, mystesch a verbuerge Welt entdeckt.

Als Doctor Strange ass et elo un him eist Universum an dat wat hannendru läit ze verbannen, a vun do kënnt eng grouss Gefor!

Nieft dem Cumberbatch spillen och nach Stare wéi d'Tilda Swinton, d'Rachel McAdams an de Chiwetel Ejiofor mat.