© screenshot/youtube.com
Op der Comic Con zu San Diego goufen eng Rëtsch u neien Trailere virgestallt. Dorënner och dee laang erwaarte "Wonder Woman" an "Justice League".
Nieft Marvel war natierlech och DC op der Comic Con vertrueden an huet dee vu ville Fans laang erwaarten Trailer vu Wonder Woman an Justice League presentéiert. E puer Deeg ass den Trailer mam Gal Gadot an der Haaptroll elo online ze fannen an huet schonn iwwer 11 Millioune Klicks elleng op Youtube gesammelt!
Am Summer 2017 soll de Film an eise Kinoe starten.
E puer Méint méi spéit nämlech am November 2017 kënnt dann och de Film "Justice League" an d'Kinossäll.