Ben-Hur vun 1959 gehéiert zu den deemools opwennegsten Produktioune vun allen Zäiten. Geschwë kënnt de Remake an d'Kinoen!

Déi bekanntsten Zeen dierft d'Course am Sräitwon tëscht dem Ben-Hur an den Messala sinn. Am neien Trailer gëtt genee dës Zeen verbonne mat knallhaarter Action duergestallt a mécht Loscht op méi!

De Ben Hur, gespillt vum Jack Huston, muss 5 Joer laang als Sklav fir d'Réimer schaffen, well säin eegene Brudder hien hannergaangen huet. Mat Hëllef vum Ilderim (Morgan Freeman) wëll hien sech rächen a kritt déi Chance am "Chariot Race".

De Film soll nächste Mount schonn an d'Kinoe kommen.