Op Twitter ass déi éischte Foto vum Set vun The Mummy-Reboot opgedaucht an deem den Tom Cruise e Navy Seal spillt.
D'Schauspillerin Annabelle Wallis huet op hirer Twitter-Account déi éischten offiziell Foto vum Set a Namibia gepost. Dorop ze gesinn, ass ënnert anerem och den Tom Cruise. Den Acteur wäert et an der neier Verfilmung vum Blockbuster mam Sofia Boutella ze di kréien, déi d'Mumie spillt.
Fans vun der "Mummy" mussen sech awer nach gedëllegen. De geplangte Startdatum ass nämlech éischt am Juni 2017.