De 18. November kënnt den Harry Potter-Spin-off "Fantastic Beasts and Where to Find Them" an eis Kinoen. Elo ginn et schonn Neiegkeete fir den 2. Deel!

Wéi elo bekannt gouf, wäert de Regisseur David Yates, deen och scho 4 Harry Potter-Filmer gedréint huet a fir den éischte Fantastic Beasts am Asaz ass, och fir den 2. Deel vum Spin-off hannert der Kamera stoen. Dat huet Warner Bros. elo bekannt ginn.

Virun e puer Wochen hat de Yates erzielt, dass d'Schrëftstellerin J.K. Rowling schonn dat 2. Dréibuch fäerdeg geschriwwen hätt. Hei sollen och nei Figuren opdauchen. An den USA ass zwar elo de Start-Datum fir den 1. Deel konfirméiert ginn (18.11.2016), trotzdem huet Warner Bros. nach kee Wuert iwwert de'Acteure vum Sequel verluer. T'ass awer wahrscheinlech, dass den Eddie Redmayne, den Ezra Miller an d'Katherine Waterston nees d'Haaptrollen iwwerhuele wäerten.