Den Dwayne "The Rock" Johnson huet genuch a reegt sech ëffentlech iwwert de Vin Diesel op.

Um Set vun de Fast & The Furious 8, deen iwwregens ëm den 12. Abrëll 2017 eraus komme soll, ass et anscheinend net ëmmer friddlech of gelaf. De Schauspiller Dwayne "The Rock" Johnson huet sech elo op Facebook zu der Zesummenaarbecht mam Vin Diesel geäussert: "Meng Kolleginne waren all fantastesch, awer mat verschiddene männleche Co-Stare war dat anescht! Muncher verhalen sech net wéi Männer oder Profien an hu Schiss eppes géint mech ze soen..."

D'Zeitung TMZ schreift als Erklärung zum Post, dass de Vin Diesel an de "The Rock" sech während dem Dréi ëmmer nees an d'Hoer krut hätten, well den Diesel seng Kollegen als Co-Produzent ronderëm kommandéiert hätt.

Déi 2 Acteuren hu sech du privat getraff, fir sech auszeschwätzen. Eng Versöhnung hätt et awer net ginn.