Groussen Optrëtt fir d'Felicity Jones an de Forest Whitaker am 2. Trailer vum Spin off. Och den Darth Vader wäert zréck kommen.

Disney huet no laangen Hinhalen endlech den 2. Trailer vum Spin off publizéiert. D'Geschicht spillt jo bekanntlech tëscht "Star Wars Episode III - Die Rache der Sith" an "Krieg der Sterne" vun 1977. Hei gëtt erzielt, wéi d'Rebellen un d'Pläng vum éischten "Todestern" kommen, duerch deen de Luke Skywalker e futti maache kann.

D'Haaptfigur gëtt vum Felicity Jones gespielt, dat een aus "Die Entdeckung der Unendlichkeit" kennt. Donieft stinn nach de Forest Whitaker an de Mads Mikkelsen virun der Kamera.