Den Tom Cruise hält de komplette Produktiounsstart vum neie Film op. Dat well de Star méi Sue verlaangt.

D'Verhandlungen tëscht dem Hollywood-Acteur an dem Studio kéinten sech nach e wéineg hinzéien... Während "Paramount" all de Schauspiller dat selwecht bezuele wëll, wéi fir de 5. Deel, verlaangt den Tom Cruise déi Zomm, déi hie fir säin Universal-Film "The Mommy" kritt huet.

De leschten "Mission Impossible" war mat engem Budget vun 150 Millioune produzéiert ginn an huet weltwäit 682 Milliounen agespillt! Do kann een als Schauspiller scho mol e bësse méi verlaangen.